Tranchée de Caster

D'Tranchée de Caster ass e kënschtlechen Aschnëtt duerch d'Montagne Saint-Pierre tëscht Lanaye, Provënz Léck a Canne, an der Provënz Limburg op der Grenz mat Holland.

Tranchée de Caster vun der Schleis vu Lanaye aus gesinn a Richtung Canne
Scheissschachte vum Fort Eben Emael déi an d'Tranchée de Caster kucken

Den Numm vun der Plaz kënnt vum Schlass Caster oder och Caester dat um ëstlechen Hank vun der Kopp stoung, duerch déi deen Aschnëtt verleeft. D'Schlass selwer steet net méi do, ass awer nach iwwer Fotoen dokumentéiert. Op der Kopp selwer steet nach de Bauerenhaff deen zum Schlass gehéiert huet den Hoeve Caster. Op deem ass nach de Wope vun der Härschaft ze gesinn mat der Devise AD ASTRA VOLO (Fléi bei d'Stären)

Dësen Aschnëtt geet duerch een haart Gestengs de Maastrichter Kalleksteen a gouf tëscht 1930 an 1933 wéinst dem Albertkanal ugeluecht, fir datt deen net huet misse mat Schleisen iwwer déi Kopp ewech goen. Den Ufank vun deem 1.300 Meter laangen, a méi wéi 60 Meter breede, Gruef ass op der Héicht vun der Schleis vu Lanaye. Hei verléisst den Albertkanal de Meusedall fir no Westen a Richtung Genk ze dréinen. De Schnëtt duerch de St.Péitersbierg ass 65 m déif.

Fir dës Aarbecht ze maachen, waren tëscht 1930 an 1933 1.200 Mann un der Aarbecht an all Dag goufen ongeféier 20.000 m3 (iwwer 30.000 Tonnen) Steng ofgebaut an ewechgeraumt. D'Material gouf gebraucht fir laanscht d'Säit vum Kanal d'Däicher ze bauen, an dat Gestengs wat ze vill war gouf an d'Steekaulen an der noer Ëmgéigend gefouert. 16 Dampbulldouseren a Läffelbaggere waren op der Plaz. Ee Schinnennetz vu 65 Kilometer gouf ugeluecht, op deem 63 Lokomotiven an 1.000 déck Buggie gelaf sinn. Well vun uewen no ënnen ofgedroe gouf, waren an de Bierg Galerië gebaut ginn, mat Schächt no uewen, duerch déi d'Material dann op den Niveau vun de Gleiser getrollt ass, déi op der Héicht vum haitege Kanal ugeluecht waren.

D'Haaptsteekaul am St.Péitersbierg war zougemaach ginn an hir Aarbechter hunn, well si schonn vill Erfarung am Ofbau haten, hei als Viraarbechter weidergeschafft.

Wéi d'Tranchée de Caster fäerdeg war, war de Koup vum Gestengs dat dunn ze vill war nach sou grouss, datt d'Mille vun den Zementswierker vu Lixhe, déi niewendru louchen (an haut och nach do sinn), fir dräi Joer Material haten, fir ze verschaffen.

Well de Maastrichter Kalleksteen ee vun deenen häertste Steng ass, hunn déi héich Fielswänn keng grouss Schréi brauchen ze kréien an hunn och net brauche speziell verfestegt ze ginn.

Ee klenge Problem gouf et eréischt virun e puer Joer, wéi festgestallt gouf, datt de Kanal géif méi Waasser wéi virdru verléieren, awer d'Ursaach gouf net direkt fonnt. Eréischt bei der Vergréisserung vun der Schleis vu Lanaye gouf bei Baggeraarbechte festgestallt, datt eng kleng al Minièresgalerie, déi ënner dem Niveau vum Kanal louch, an déi net méi bekannt war, dru schold war. Déi gouf du mat Bëtong zougestoppt an et war erëm alles an der Rei.

Um Spaweckänneren

Commons: Tranchée de Caster – Biller, Videoen oder Audiodateien
🔥 Top keywords: HaaptsäitAngkor WatCharles X. vu FrankräichModul:ArgumentsSpezial:Rezent ÄnnerungenBaike: FAQ ParticipantenBaike: Iwwer d'WikipediaSpezial:SichenIndonesienModul:Namespace detect/dataRené DescartesBaike: HëllefRond-point SerraBaike: KontaktAlexandra SchoosBaike: CommunautéitssäitSir (Baach)KlibberenBaike: FAQ (Biller)Stater TramLëtzebuerg (Land)WaarkItalieenesch LiraBaike: FAQ (Technesch)Richard Serraj3omjBaike: FAQ LieserLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMediaWikiEd LauterRussesch GrammaireBaike: WëllkommAlfred LameschBernard HerrmannApple Inc.WikiWiki Baike9. OktoberBaike: FAQ (Diskussiounssäiten)Blue (Film 1968)Loïc TansonHenri NeumanStater KolléischBaike: FAQ AdministratiounBaike: AktualitéitLëscht vu lëtzebuergesche SchrëftstellerBaike: De Staminee1896Ben E. KingLandmaarkExchange (Skulptur)Pol LeursDüsseldorfPhysik1821Baike: KategorienJoseph KillLea Lander2023Joseph NeumanCoppa BernocchiLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenTom Hiddleston1852Baike: General disclaimerJoseph Charles NamurWiki Baike Diskussioun:FAQHollännesche GuldenRobin WilliamsDiddelengMcCoy TynerSchlass MeesebuergLionel Messi7Baike: Signatur1970Serge TonnarPaul LeschLëtzebuergeschEgyptenEuroMarian GalloBaike: ReegelenLëscht vu CheemikerPalau (Ozeanien)Coppa Bernocchi 2023Baike: Copyright24. Abrëll20. September1899Napoleon BonaparteJéineschLëscht vun den DänzKategorie:Gebuer 1757EemaischenFrancis of DeliriumGeometrieSchabloun:Infobox ZeitungHollännesch Gulden