Malta

Inselstaat am Mëttelmier


D'Republik Malta (malt.: Repubblika ta'Malta) ass dee klengsten europäeschen Inselstaat am Mëttelmier a klengste Memberstaat vun der EU.

Repubblika ta' Malta
Republic of Malta

Malteesesche Fändel

Malteesesche Wopen

Detailer

Detailer
National Devise: "Duerch de Courage an d'Konstanz"
Offiziell Sprooch:Malteesesch, Englesch
Haaptstad:Valletta
Staatsform:Republik
 • President:George Vella
 • Premierminister:Robert Abela
Fläch:315,5 km²
Bevëlkerung:404 039[1]
 • Bevëlkerungsdicht:1282/km²
Onofhängegkeet:vu Groussbritannien,
den 21. September 1964
Nationalfeierdag:21. September
Nationalhymn:L-Innu Malti
(Lauschteren)
Wärung:Euro
Zäitzon:UTC +1
Internet TLD:.mt
Internationalen
Telefonsprefix
:
+356

Geschichtänneren

Déi éischt Mënsche sinn ongeféier 5000 v. Chr. vu Sizilien aus op Malta komm. 4000 - 3000 v. Chr. sinn d'Megalith-Tempele gebaut ginn. Malta stoung ënner dem Afloss vu ville Kulturen. Fir d'éischt ware Phenizier do, duerno d'Griichen, da bis 218 v. Chr. d'Karthager. Vun 218 bis 201 v. Chr. huet den Zweete Punesche Krich gedauert an d'Réimer hunn d'Muecht op Malta iwwerholl. Am Joer 60 ass den Apostel Paulus op Malta ukomm an huet d'Insel evangeliséiert. Dunn ass d'Insel an d'Hänn vun de Vandalen iwwergaangen, duerno an déi vun de Goten. Déi goufe vun de Byzantiner verdriwwen a sou war Malta bis 870 vum byzantinesche Räich besat. 870 war d'Invasioun vun den Araber op der Insel. Si koume vu Sizilien eriwwer. 1090 hunn d'Normannen d'Muecht iwwerholl, du koumen d'Aragonier, bis 1530 d'Osmanen ugefaangen hunn, Malta unzegräifen. D'Insel, déi zu deem Zäitpunkt vum Malteeseruerde regéiert gouf, konnt sech géint d'Ugrëff vun den Tierke behaapten.

Malta gouf den 21. September 1964 onofhängeg Groussbritannien. Den 1. Mee 2004 ass Malta an d'EU bäigetrueden.

Geographieänneren

Malta läit am Mëttelmier, 90 km südlech vu Sizilien. De malteesesche Staat besteet aus dräi bewunnten Inselen, Malta, Gozo a Comino souwéi dräi onbewunnten, Cominotto, Filfla a St. Pauls Island.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Malteesesch Inselen.

Malta huet 245,6 km², Gozo 67 km² an de Rescht vun den Inselen 3 km².Déi gréisst Längt vu Malta huet 27 km, an déi gréisst Breet 14 km. Zu Gozo sinn et 14 km Längt a 7 km Breet.Malta huet keng Bierger a keng Flëss. Op der Küst sinn Häfen, Sandplagen a kleng Fielsebuchten.

Klimaänneren

Malta huet e Mëttelmierklima. De Wanter geet vu Mëtt November bis Enn Mäerz. Wann et reent oder wa Wand ass, dann héchstens 2 Deeg hannereneen. De kaalste Mount ass de Februar wou d'Temperature bis op 10 Grad Celsius an der Nuecht kënne falen. Meeschtens reent et just kuerz a staark. De Summer geet vu Mee bis September. Duerchschnëttstemperatur am Summer ass 23,5 Grad Celsius. Am Summer reent et bal ni an d'Temperaturen erreechen och rar 40 Grad am August. Malta zielt zu de Länner op der Welt wou et am mannste reent.

Ënnerdeelungänneren

D'Haaptinsel Malta ass a fënnef Bezierker agedeelt, Gozo a Comino sinn zesummen de sechste Bezierk. Zanter 1993 ass Malta an 68 lokal Verwaltungseenheeten agedeelt:

Insel MaltaGozo
  • Attard
  • Balzan
  • Birgu
  • Birkirkara
  • Birżebbuġa
  • Bormla
  • Dingli
  • Fgura
  • Floriana
  • Gudja
  • Gżira
  • Għargħur
  • Għaxaq
  • Ħamrun
  • Iklin
  • Isla
  • Kalkara
  • Kirkop
  • Lija
  • Luqa
  • Marsa
  • Marsaskala
  • Marsaxlokk
  • Mdina
  • Mellieħa
  • Mġarr
  • Mosta
  • Mqabba
  • Msida
  • Mtarfa
  • Naxxar
  • Paola
  • Pembroke
  • Pietà
  • Qormi
  • Qrendi
  • Rabat-Mdina
  • Safi
  • St. Julian's (San Ġiljan)
  • St. Lucia's (Santa Luċija)
  • St. Paul's Bay (San Pawl il-Baħar)
  • San Ġwann
  • Santa Venera
  • Siġġiewi
  • Sliema
  • Swieqi
  • Ta' Xbiex
  • Tarxien
  • Valletta
  • Xgħajra
  • Żabbar
  • Żebbuġ
  • Żejtun
  • Żurrieq
  • Fontana
  • Għajnsielem
  • Għarb
  • Għasri
  • Kerċem
  • Munxar
  • Nadur
  • Qala
  • Victoria (Rabat)
  • Saint Lawrence (San Lawrenz)
  • Sannat
  • Xagħra
  • Xewkija
  • Żebbuġ

Politikänneren

Malta huet sech den 13. Dezember 1974 zu enger parlamentarescher Republik erkläert. Vum 21. September 1964 ass Malta vu Grousbritannien onofhängeg, ass awer nach am Commonwealth.Et gëtt zwou grouss Haaptparteien: d'Nationalist Party (konservativ) an d'Malta Labour Party (sozialdemokratesch). D'Walbedeelegung läit traditionell bei iwwer 90 %.D'Parlament huet 65 Sëtz.

Bevëlkerungänneren

Malta hat 2005 eng Bevëlkerung vu 404 039 Leit.[1] De Gebuertentaux ass deen niddregsten a ganz Europa a läit bei 10,1 pro Dausend.

Op Camino, der klengster bewunnter Insel, wunne just 3 Malteeser.

Reliounänneren

Zirka 96 % vun der Populatioun si réimesch-kathoulesch. Donieft gëtt et nach Judden a Protestanten.

Sprooch a Schrëftänneren

D'Landessprooch ass Malteesesch, eng semitesch Sprooch mat arabeschem a romaneschem Aschlag. Et ass déi eenzeg semitesch Sprooch déi mat laténgesche Buschtawe geschriwwe gëtt. Englesch gëtt als zweet Amtssprooch benotzt. Als drëtt Sprooch léieren d'Malteeser Italieenesch an der Schoul.

Malteesesch ass e fréieren arabeschen Dialekt, mat staarkem Afloss vun der italieenescher Sprooch, awer och vum Franséischen, Engleschen a Spueneschen.

Ekonomieänneren

Zanter dem 1. Januar 2008 huet Malta den Euro als Wärung. Virdru war dat d'Malteesesch Lira, op Malteesesch: Lira Maltija.

Malta beschäftegt sech mam Opbau vun der Industrie an dem Tourismus, nodeem déi brittesch Marinn ofgezu ginn ass, fir sou de finanziellen Deel ze kompenséieren.

Opdeelung vum Bruttosozialprodukt: 25 % Industrie, 72 % Déngschtleeschtungssecteur (dovun 35 % Tourismus) an 3 % Landwirtschaft.

Exportgidder sinn: Elektronik, Autosdeeler, Textil- a landwirtschaftlech Produkter.

Kulturänneren

Kuckeswäertesänneren

Verkéieränneren

Op Malta gëtt lénks gefuer. Eisebunn gëtt et keng méi op der Insel.

Fotosalbum vu Maltaänneren

Referenzen an Nottenänneren

  1. 1,0 1,1 Vollekszielung vum 27. November 2005. Source

Um Spaweckänneren

Commons: Malta – Biller, Videoen oder Audiodateien
🔥 Top keywords: HaaptsäitAngkor WatCharles X. vu FrankräichModul:ArgumentsSpezial:Rezent ÄnnerungenBaike: FAQ ParticipantenBaike: Iwwer d'WikipediaSpezial:SichenIndonesienModul:Namespace detect/dataRené DescartesBaike: HëllefRond-point SerraBaike: KontaktAlexandra SchoosBaike: CommunautéitssäitSir (Baach)KlibberenBaike: FAQ (Biller)Stater TramLëtzebuerg (Land)WaarkItalieenesch LiraBaike: FAQ (Technesch)Richard Serraj3omjBaike: FAQ LieserLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMediaWikiEd LauterRussesch GrammaireBaike: WëllkommAlfred LameschBernard HerrmannApple Inc.WikiWiki Baike9. OktoberBaike: FAQ (Diskussiounssäiten)Blue (Film 1968)Loïc TansonHenri NeumanStater KolléischBaike: FAQ AdministratiounBaike: AktualitéitLëscht vu lëtzebuergesche SchrëftstellerBaike: De Staminee1896Ben E. KingLandmaarkExchange (Skulptur)Pol LeursDüsseldorfPhysik1821Baike: KategorienJoseph KillLea Lander2023Joseph NeumanCoppa BernocchiLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenTom Hiddleston1852Baike: General disclaimerJoseph Charles NamurWiki Baike Diskussioun:FAQHollännesche GuldenRobin WilliamsDiddelengMcCoy TynerSchlass MeesebuergLionel Messi7Baike: Signatur1970Serge TonnarPaul LeschLëtzebuergeschEgyptenEuroMarian GalloBaike: ReegelenLëscht vu CheemikerPalau (Ozeanien)Coppa Bernocchi 2023Baike: Copyright24. Abrëll20. September1899Napoleon BonaparteJéineschLëscht vun den DänzKategorie:Gebuer 1757EemaischenFrancis of DeliriumGeometrieSchabloun:Infobox ZeitungHollännesch Gulden