Étienne Lenoir

De Jean Joseph Étienne Lenoir gebuer den 12. Januar 1822 zu Missech, deemools Groussherzogtum Lëtzebuerg, haut belsch Provënz Lëtzebuerg, a gestuerwen de 7. August 1900 zu La Varenne-Saint-Hilaire bei Paräis, war en Erfinder (80 Patenter) a Geschäftsmann.

Étienne Lenoir
Gebuer12. Januar 1822
Missech
Gestuerwen4. August 1900
La Varenne-Saint-Hilaire
NationalitéitBelsch, Lëtzebuerg
AktivitéitErfinder, Techniker, Händler

Den Étienne Lenoir huet 1860 den éischte brauchbare Gasmotor gebaut, 1863 dat éischt Gefier op der Strooss, dat domat ugedriwwe gouf, den Hippomobile[1] an 1866 e Motorboot, dat mat Gas bedriwwe gouf. Mat sengem Gasmotorwon huet hien den 9 km laangen Trajet vu Paräis op Joinville-le-Pont an ongeféier 3 Stonnen zeréckgeluecht. An der ganzer europäescher Press gouf iwwer dem Lenoir säi Gasmotorwon geschriwwen. De russeschen Zar Alexander II. war sou dovun impressionéiert, datt en him een ofkaf huet.

Den Nikolaus Otto huet sech bei der Entwécklung vum Ottomotor um Lenoir sengem Gasmotor orientéiert.

Den Étienne Lenoir gouf chevalier de la Légion d'honneur a krut d'franséisch Nationalitéit.

D'Gemeng Steesel huet an hirer Industriezon eng Gedenkplack fir de Lenoir opgeriicht an do och e Rondpoint no him benannt.[2]

Literaturänneren

  • Anonyme (1980). Jean Joseph Etienne Lenoir. 1822-1900. 22 S. Hesperange. [an der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik ze kréien]
  • Anonymus (1948). Luxemburger Forscher. Tageblatt 1948, Nr. 80 (7. April), S. 4. [3]
  • Paul Conrardy (1982). Motoren und Autos "made in Luxembourg". Auto-Touring / Revue de l'Automobile-Club de Luxembourg, n° 5: 20-25 [Artikel iwwer lëtzebuergesch Automobilconstructeuren]
  • Jean-Pierre Monhonval (1985). Etienne Lenoir: un moteur en héritage. [préf.: Christian Calmes, André Desvallées]. 123 p. Michel frères, Virton.
  • Marcel Oberweis (2000). Der Erfinder des ersten Gasmotors mit elektrischer Funkenzündung. Am 7. August 1900 starb Jean Joseph Lenoir. Luxemburger Wort, 8. August 2000, S. 4.
  • Romain Hilgert (2015): Auf der Suche nach Étienne Lenoirs Auto. d'Lëtzebuerger Land Nr.5/30. Januar 2015, S.25.
  • Claude Feyereisen: Der Luxemburg-Motor - Die Fondation Etienne Lenoir baut das Triebwerk des legendären Erfinders nach, am Luxemburger Wort vum 17. Dezember 2018 S. 47.

Um Spaweckänneren

Referenzenänneren

  1. De Lenoir huet deemools tëscht 350 - 400 där Hippomobile verkaaft. Quell: http://en.wikipedia.org/wiki/Hippomobile_(car)
  2. Verteilerkreis nach Automobilpionier benannt. Gedenktafel für Jean-Joseph Etienne Lenoir in Steinsel eingeweiht. Luxemburger Wort 2012, Nr. 129 (4. Juni), S. 20. — Kuckt och: mywort: Steinsel / Rédacteur: Luc Ewen / 26.10.2010.Square in Industriezone erhält einen Namen. [1]Steinsel: DP kritisiert zunehmende Verschuldung. Lëtzebuerger Journal, veröffentlicht am 03.11.2010. [2]
🔥 Top keywords: HaaptsäitAngkor WatCharles X. vu FrankräichModul:ArgumentsSpezial:Rezent ÄnnerungenBaike: FAQ ParticipantenBaike: Iwwer d'WikipediaSpezial:SichenIndonesienModul:Namespace detect/dataRené DescartesBaike: HëllefRond-point SerraBaike: KontaktAlexandra SchoosBaike: CommunautéitssäitSir (Baach)KlibberenBaike: FAQ (Biller)Stater TramLëtzebuerg (Land)WaarkItalieenesch LiraBaike: FAQ (Technesch)Richard Serraj3omjBaike: FAQ LieserLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMediaWikiEd LauterRussesch GrammaireBaike: WëllkommAlfred LameschBernard HerrmannApple Inc.WikiWiki Baike9. OktoberBaike: FAQ (Diskussiounssäiten)Blue (Film 1968)Loïc TansonHenri NeumanStater KolléischBaike: FAQ AdministratiounBaike: AktualitéitLëscht vu lëtzebuergesche SchrëftstellerBaike: De Staminee1896Ben E. KingLandmaarkExchange (Skulptur)Pol LeursDüsseldorfPhysik1821Baike: KategorienJoseph KillLea Lander2023Joseph NeumanCoppa BernocchiLëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenTom Hiddleston1852Baike: General disclaimerJoseph Charles NamurWiki Baike Diskussioun:FAQHollännesche GuldenRobin WilliamsDiddelengMcCoy TynerSchlass MeesebuergLionel Messi7Baike: Signatur1970Serge TonnarPaul LeschLëtzebuergeschEgyptenEuroMarian GalloBaike: ReegelenLëscht vu CheemikerPalau (Ozeanien)Coppa Bernocchi 2023Baike: Copyright24. Abrëll20. September1899Napoleon BonaparteJéineschLëscht vun den DänzKategorie:Gebuer 1757EemaischenFrancis of DeliriumGeometrieSchabloun:Infobox ZeitungHollännesch Gulden